Registréier dech fir d'Season 3

Du iwwerlees dir, dech fir d'nächst Saison vu "Take Off" unzemellen? De beschten Tipp vun eise Kandidate vun der Saison 2 ass: " There’s no losing — only winning or learning!"

Also, wat hues du ze verléieren? Fëll de Formulaire ënnen aus a mir freeën eis dech beim Casting kennenzeléieren!

Iwwerpréif als éischt nach d’Konditioune fir matzemaachen:

  • Du muss tëscht 15 an 21 Joer al sinn um éischten Dréi-Dag (2.07.2025).
  • Du muss an enger Schoul zu Lëtzebuerg ageschriwwe sinn oder en Diplom hunn..
  • Du muss Englesch verstoen a schwätze kennen.
  • Du muss zu dësen Datumer disponibel sinn: 17. a 19. Juni (nomëttes), 2. Juli a vum  21. bis 30. August
  • Du muss dir bewosst sinn, datt e puer Dréi-Deeg an d’Schoulzäit falen (2. Juli, 13-20. November). Wann s du bis dohin nach ënnert de Kandidate bass, gëss du vun der Schoul fräigestallt.

Perséinlech Froen:

Wichteg: Op Basis vun dengen Äntwerte wäerte mir entscheeden, ob s du op en Interview invitéiert gëss oder net. Et ass also an dengem Interessi, d’Froen esou komplett an éierlech wéi méiglech ze beäntweren. Vergiess net: Mir sichen net nëmmen „Genien“ an de Wëssenschaften, mee virun allem motivéiert Persounen. (Mee keng Suerg: Science-Geeks sinn och wëllkomm!)

Optional: Lued, iwwer de Link hei drënner, e kuerze Video (60 bis 90 Sekonnen) erop, an deem s du dech virstells an erkläers, firwat s du gären deelhuele géifs.
Wichteg: W.e.g. benotzt do déi selwecht Mailadress, souwéi Numm, deens du och bei dësem Formular benotz.

➔ https://freelenstv.transfernow.net

1 Mannerjäreger mussen eng ënnerschriwwen autorisation parentale matbréngen, déi mir iech virum Interview schécken