Wat ass d'Take Off Show?
Take Off ass eng Science Game Show mat 13 Episoden, an deenen 12 Jonker kniwweleg Challenge léise mussen. No all Episod muss ee Kandidat d'Show verloossen.
Déi top 2 Gewënner huelen ee Präisgeld vu bis zu 10.000€ mat Heem. D'Show gëtt och iwwert Instagram an TikTok begleet.
Wéi leeft dat Ganzt of?
Bereet fir Take Off, mee nach Froen?
Wann s du nach Froen zur Take Off Show hues oder dozou, wéi et ass matzemaachen, da mell dech gäre bei engem vun dëse Kandidaten. Si hëllefen dir gäre weider, erzielen dir vun hiren Erfarungen a begleeden dech wärend denger ganzer Take Off-Zäit.

Take Off gewënnt de Young Audience Award um Silbersalz Festival!
Et ass offiziell – Take Off - d'Science Challenge Show huet de Young Audience Award bei den internationalen Silbersalz Science Media Awards 2024 gewonnen! Dëse Präis ënnerstëtzt wëssenschaftlech Sendungen a Medieninhalter, déi déi nächst Generatioun vu jonke Wëssenschaftler faszinéieren an inspiréieren, a mir sinn iwwerglécklech, dës Éier kritt ze hunn. Merci un eis Kandidaten, eis fantastesch Equipe, eis Partner, eis wonnerbar Zuschauer, an un all déi, déi eis ënnerstëtzen, d’Wëssenschaft lëschteg, zougänglech a faszinéierend ze maachen. Kuckt d'Saison 2 ab elo!
Eis Kandidaten
Méi wéi 150 Kandidaten hate sech fir de Casting vun der zweeter Staffel ageschriwwen, an dovun hu sech der 24 fir déi éischt Episod qualifizéiert!
Un all eis jonk “Street Scientists” déi matgemaach hunn: Är Begeeschterung an är Leeschtunge waren aussergewéinlech.
Take Off ass eng gemeinsam Initiativ vun der André Losch Fondation an dem Fonds National de la Recherche.


D'Moderatore vun der Show

«Gëtt et dobaussen iergendwou eng Miss oder Mister Science Junior?»

«Mäin gréissten Challenge ass et "Science Challenge Show" ganz schnell hannerteneen ze soen»

«Ech well vun deene Jonken beandrockt ginn»