FAQ

Ech hu keng E-Mail kritt fir meng Umeldung ze confirméieren. Wat soll ech maachen?


Wann's du net bannent e puer Minutten nom Ofschécke vum Online-Formulaire eng Mail kritt hues, ass se méiglecherweis an däin Spam-Ordner gaang. Wann se och net am Spam ass, da kontaktéier eis per e-mail (info@takeoffshow.lu).



Wéi kann ech mech op d’Show virbereeden?

Et ass net néideg, dech fir de Casting oder d'Show virzebereeden. D’Kandidaten, déi et an d'Studio-Episode packen, kréien ee social media Training souwéi een professionnellen Social Media Training fir sech virun der Kamera wuelzefillen. Den éischten Dréidag gëtt eng „Mock-episode“ gedréint, wou alles sou ofleeft wéi an der richteger Show, just dass se net wäert diffuséiert ginn. D’Kandidate kréien sou e genaut Gefill dofir, wat si erwaart a ginn sou op den Tournage virbereet. Zousätzlech kréien si all eng Formatioun zu den Outil'en déi si wärend der Show benotze kënnen (Stechsee, Multimeter etc.) 

 

Wéi eng Sprooche muss ee schwätze kënnen? 

Bei Take Off ass jidderee wëllkomm, egal wéi eng Sprooch ee schwätzt. Lëtzebuergesch ass kee Muss, och wann et nëtzlech ass. Fir dass d'Kandidaten ënnerteneen awer kënne gutt kommunizéieren, ass Englesch eng Viraussetzung.

 

Wat kann ee gewannen?

  • De Gewënner oder d'Gewënnerin vun der Show kritt 10.000€.
    Déi zweet Plaz kritt e Präis vu 5.000€.
  • Et kënnen och aner Präisser ginn, wéi eng wëssenschaftlech Rees.

 

Wou gëtt gedréint?


D’Studio-Episoden ginn zu Esch-Belval gedréint. Et besteet d’Méiglechkeet, während den Dréizäiten am August an November gratis an der Jugendherberg zu Esch ze iwwernuechten.

 

 

Wéi kommen ech op d’Dréiplaz?


Fir Dréiplazen, déi NET zu Esch-Belval sinn, organiséire mir an der Regel en Transport fir d’Kandidaten (gratis). Et besteet och d’Méiglechkeet, gratis an der Jugendherberg zu Esch ze iwwernuechten, déi nëmme ronn 10 Minutten mam Zuch vum Studio ewech läit.

 

Wou fënnt de Casting statt? 

De Casting fënnt net ëmmer op der selwechter Plaz statt. Dëst Joer (2025) fënnt en am Mariendall statt.

 

Wéi eng Deeg muss ech disponibel si fir kënne matzemaachen? 

All Kandidat verpflicht sech, fir bei den Tournage-Deeg present ze sinn. Dat si follgend Datumer: 

Casting: 18. Juni 26
1. Episod: 25-26 Juni 26
Studio-Episoden: 20.-28. August 26 & 12.- 19. November 26
Finall: (tbc)

Den Enddatum kann op den 29.08.2026 oder den 20.11.2026 verréckelt ginn, wann en zousätzleche Shooting-Dag néideg ass.

Déi Kandidaten, déi am Laf vun de Studio-Episoden ausscheeden, mussen zwar net méi fir déi nächst Studio-Episode kommen, ma mussen trotzdeem fir d'Finall do sinn. 

 

Verpassen ech puer Deeg an der Schoul? 

Déi Kandidaten, déi et bis an d'Episoden 8-13 packen, gi puer Deeg vun der Schoul fräigestallt. D'Produktioun iwwerhëlt déi néideg Démarche beim Ministère. Follgend Dréi-Deeg falen an d'Schoulzäit: 

12. - 19. November 25, an den Tournage vun der Finall (tbc)



Vu weem ass dës Initiative?

Take Off ass eng gemeinsam Initiative vun der André Losch Fondation (ALF) an dem Fonds National de la Recherche (FNR). RTL ass Partner vun der Show, diffuséiren d’Show op hirem Televisiouns-Kanal RTL an op der Websäit RTL Play. D‘ Show gëtt produzéiert vun den dräi Agence FreeLens TV, MOAST Creative Studio a Brainplug. Mir schaffen an Zesummenaarbecht mat der estnescher Agence Kvark fir wëssenschaftlech Inhalter z'entwéckelen.

 

Du hues nach méi Froen?

Dann zéck net eis ze kontaktéieren! Schreif eng E-Mail un: info(at)takeoffshow.lu. Mir freeën eis, vun dir ze héieren!