Registréier dech fir d'Season 4
Du iwwerlees dir, dech fir d’nächst Saison vu “Take Off” unzemellen? De beschten Tipp vun den fréiere Kandidaten ass: ” There’s no losing — only winning or learning!”
Also, wat hues du ze verléieren? Fëll de Formulaire ënnen aus a mir freeën eis dech beim Interview kennenzeléieren!
Iwwerpréif als éischt nach d’Konditioune fir matzemaachen:
- Du muss tëscht 15 an 21 Joer al sinn um éischten Dréi-Dag (25.06.2026).
- Du muss an enger Schoul zu Lëtzebuerg ageschriwwe sinn oder en Diplom hunn.
- Du muss Englesch verstoen a schwätze kennen.
- Du muss zu dësen Datumer disponibel sinn: 18. Juni (nomëttes), 25. Juni bis de 26 Juni (ganzen Dag, mat Iwwernuechtung), 19. bis den 28. August, 12. bis zum 19. November.
- Du muss dir bewosst sinn, datt e puer Dréi-Deeg an d’Schoulzäit falen (25 & 26. Juni, 12-19. November). Wann s du bis dohin nach ënnert de Kandidate bass, gëss du vun der Schoul fräigestallt.